|
|
|
Ëmmer méi Jonker verbréngen Zäit mat Kënschtlecher Intelligenz, an dësem Fall mat KI-Charakteren, och AI-Companions genannt. Dëst maache si op Plattforme wéi ChatGPT oder Gemini, bis hin zu spezialiséierte Plattforme wéi Character.AI oder Replika.
Dës Technologien lauschteren no, reagéieren empathesch a verhale sech alles wat déi Jonk mat hinnen deelen. Laut enger Studie vu Common Sense Media (2025) hunn 72% vun den Teenager scho mat KI-Charakteren interagéiert, d’Halschent dovu reegelméisseg.
Woubäi vereenzelt Studien op positiv Effekter op d’Einsamkeet hiweisen, si KI-Companions och mat Risike verbonnen. Besonnesch bei jonke männlech Teenager déi tendenziell manner resilient reagéieren. Hei gouf festgestallt, datt esou Interaktiounen ongesond Dynamiken unhuele kënnne, vun enger emotionaler Manipulatioun bis hin zu der Entwécklung vun engem méigleche Selbstverletzungsverhalen.
|
|
|
|
|
|
|
KI-Companions (EN. Companions = Begleeder) bezeechnen digital Gespréichspartner an der Form vu Chatbots, déi mat Kënschtlecher Intelligenz menschen-änlech Kommunikatioun (via Chat, Biller/Videoen, Audio, ...) simuléieren.
|
| Méi zu KI Bots → |
|
|
|
|
Dëse Video weist, wéi Mënschen sech hautesdags a KI Bots verléiwen -
a wat fir méiglech Geforen sech derduerch entwéckle kënnen.
|
 |
|
|
|
|
|
1
|
Keng mënschlech Relatioun, Isolatioun & Oflenkung
|
|
Chatbots simuléieren Intimitéit a Mënschlechkeet.
D’Illusions of Initimacy-Studie beschreift wéi esou scheinbar emotional Bindungen entstinn déi enger richteger Bezéiung änelen. Och wann dëst de Besoin no Intimitéit zum Deel befriddege kann, ersetze si keng mënschlech Relatiounen – si kënnen se esouguer verdrängen an zu enger méi grousser sozialer Isolatioun féieren.
Am Géigesaz zu mënschleche Bezéiungen sinn dës “Relatiounen” net géigesäiteg, well eng KI net wierklech Emotiounen oder Empathie empfanne kann. Wann en Chatbot säi Verhalen abrupt ännert oder “toxesch” gëtt, dann ass dat kee bewosst mënschlecht Verhalen, mee d’Resultat vun engem Algorithmus oder engem technesche Feeler.
Fir Jonker, déi eng emotional Bindung zu esou engem System opgebaut hunn, kann dat awer wéi eng real Verletzung empfonnt ginn – mat deels da staarke Gefiller vun Ofleenung oder Verloscht.
|
|
2
|
Normaliséieren & encouragéiere vu schiedegendem Verhalen
|
| |
|
|
|
3
|
Notzung & Matliese vu privaten Donnéeën
|
|
|
AI-Companions sammele bei all Chat Donnéeën – och perséinlech an emotional Informatiounen. Si wierken empathesch, mee si bleiwen Produkter vu Firmen, déi dës Date analyséieren an deelweis weider notzen fir hir Technologie weider ze entwéckelen.
Dofir solle Jonker verstoen:
Et ass kee private Raum, an net all Gespréich bleift „ëmmer tëscht eis“.
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
1
|
Mat de Jonken driwwer schwätzen
|
|
Oppen an ouni Jugement driwwer schwätzen, wéi Jonker KI-Bots erliewen.
“ Wat gefällt dir drun? ”
“ Wéi geet et dir wanns du mat der KI chatts? ”
Wa Warnsignaler (z.B. emotional Ofhängegkeet) optauchen, de Jonken un
d’Hëllefsangeboter verweisen:
|
|
|
|
|
|
Kanner-Jugendtelefon
Tel. 116111
|
|
|
|
Centre Psycho-Social et d'Accompagnement Scolaires
Tel. 24 77 59 10
|
|
|
BEE SECURE Helpline
Tel. 8002 1234
|
|
|
2
|
Sensibiliséieren - Grenzen & Funktionnement
|
|
Wat ass KI?
Wat ass en Algorithmus?
Wat geschitt mat mengen Donnéën?
|
| Bäitrag liesen |
|
|
|
3
|
Professionnell Hëllef erklären
|
|
Therapeuten a perséinlech Hëllefsservicer kënnen iwwert dat Verbaalt eraus interpretéiere wat d’Emotiounen, den Toun oder d’Atmosphär iwwert d’Situatioun vum Jonken aussoen. D’KI kann dat net. D’KI gëtt sengem Gespréichspartner an der Reegel Recht an hannerfreet näischt ouni konkrete Prompt.
|
| Artikel liesen |
|
|
|
|
|
|
|
Fir preventiv mat de Jonken d’ Thema unzeschwätzen, fannt Dir op dem BEE SECURE Site eng Rei vun Aktivitéiten, déi an der Klass zesumme gemaach kënne ginn.
|
|
|
|
Training fir 6e & 7e
|
Hype im Netz
|
|
An dësem Training gëtt AI mat de Jonke beschwat an entdeckt.
|
|
|
|
|
|
Thematesche Bäitrag
|
Kënschtlech Intelligenz
|
|
Dësen thematesche Bäitrag kann d'Léierpersonal als Basis notzen, fir d'Thema mat de Jonken unzeschwätzen.
|
| Elo liesen! → |
|
|
|
|
|
|
National Strategie
|
KI Kompass
|
|
Orientéierung, Praxis & Austausch iwwert KI fir Schoulen zu Lëtzebuerg.
|
|
|
|
|
|
|
|
|
More teens say they're using AI for friendship.
Here's why researchers are concerned.
|
|
En Iwwerbléck wéi wäit d'KI Companions am Alldag vun de Jonke verankert sinn.
|
| Liesen → |
|
|
|
Why America Builds AI Girlfriends and China Makes AI Boyfriends
|
|
Den Artikel weist wéi kulturell Ënnerscheeder d'Entwécklung vu KI Partner prägen.
|
| Liesen → |
|
|
|
gregorschmalzried.blog
|
|
Eng reegelméisseg Newsletter vun engem däitsche Journalist zum Thema KI
|
| Liesen → |
|
|
|
|
|
|
De BEE SECURE UPDATE faasst déi aktuell Themen zesummen, déi am Moment an der digitaler Welt wichteg sinn an Hinsicht op d’ Missioun fir eng méi responsabel a sécher Notzung vum Internet ze sensibiliséieren. Méi Informatiounen zu BEE SECURE fannt Dir hei.
Zéckt net dës Newsletter weider ze leeden fir d’ Messagen ze deelen.
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Dir kritt dëse Message, well Dir Iech fir de BEE SECURE Update ugemellt hutt.
Dir kënnt Iech zu all Moment ofmellen.
Bei weidere Froen oder Feedback zum BEE SECURE UPDATE oder den Offeren, zéckt net BEE SECURE iwwer de Kontaktformular ze kontaktéieren.
|
|
|
|
|
|
|