 |
|
Spéitstens fir d’Rentrée, wann nei Klassen sech fannen an déi éischt WhatsApp- oder Snapchat-Gruppen entstinn, lount et sech, mat de Schüler iwwer Reegelen, Respekt a Verantwortung am digitale Raum ze schwätzen. Wéi gi mir mateneen ëm - och am Chat?
Klassenchats kënnen hëllefen, sech ënnerteneen ze organiséieren – mee si kënnen och zu Plaze ginn, wou Ausgrenzung, Humiliatioun a Cybermobbing entstinn.
|
|
|
|
Follgend Aspekter maache Klassenchats sensibel ⤸
|
|
|
|
-
De Grupp bleift och ausserhalb vun der Schoulzäit aktiv: owes, um Weekend oder an de Vakanzen.
-
Verletzend Messagë gi vu ville Leit gläichzäiteg gesinn.
-
Den Drock bleift net nëmmen online, mee geet am Klassesall weider.
-
Betraffener kréien d’Gefill, datt et keng Paus méi gëtt.
-
E Like, en Emoji oder d’Weiderleede vun Inhalter kann eng verletzend Dynamik verstäerken.
|
|
|
|
|
|
Wéi ka Cybermobbing am Chat ausgesinn?
|
|
|
|
|
Cybermobbing ass net ëmmer direkt als „grousse Virfall“ erkennbar. Heiansdo fänkt et mat klenge Kommentaren, Witzer oder Ausgrenzungen un, déi sech iwwert Zäit méi oft widderhuelen an esou ëmmer méi belaaschtend kënne gi fir déi Betraffen.
Den OEJQS (Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire) weist, datt Betraffener besonnesch dacks den Ausschloss aus Chat-Gruppen als Belaaschtung fir si nennen. Gerüchter déi verbreet ginn, Messagen, déi verletzen an och konkret Erpressunge ginn als weider Forme vu Cybermobbing vun de Betraffene genannt.
|
|
|
|
Typesch Situatioune sinn zum Beispill:
|
|
|
|
- Lächerlech maachen: Eng Persoun gëtt ëmmer nees virun der ganzer Grupp ausgelaacht oder bloussgestallt.
- Privat Inhalter weiderginn: Privat Messagen, Fotoen oder Screenshots ginn ouni Accord weidergeschéckt.
-
Ausschloss aus der Grupp: Schüler ginn aus der Grupp erausgehäit oder bewosst net derbäigesat.
-
Gerüchter an Hallefwourechten: Iwwert eng Persoun gi Gerüchter, Behaaptungen oder Hallefwourechten am Grupp verbreet.
-
Drock an Erpressung: Eng Persoun gëtt ënner Drock gesat, eppes ze maachen. Jee nodeem kënnt nach Erpressung dobäi, z. B. mat der Drohung, privat Inhalter weiderzeleeden.
|
|
|
|
|
|
|
|
Firwat gi Jonker online gemobbt?
|
|
|
|
|
Cybermobbing ass net nëmmen „e banale Sträit am Chat“. Et sinn oft e puer Ausléiser, déi ganz divers kënne sinn.
|
|
|
|
|
Laut OEJQS nennen déi betraffe Jonker ënnert anerem:
|
|
|
-
d’sexuell Orientéierung;
-
d’Relioun;
-
d’politesch Meenung;
-
eng Behënnerung.
|
|
|
|
Gruppendynamik & d'Roll vum Bystander
|
|
|
|
|
Wisou een d'Gruppendynamik mat der Klass kloer thematiséiere sollt ⤸
|
|
|
|
-
Näischt soen oder net reagéiere ka fir déi betraffe Persoun esou ewéi eng Zoustëmmung wierken.
-
E Like oder en Emoji kann eng verletzend Dynamik verstäerken.
-
E Saz wéi „Dat geet ze wäit“ kann eng Situatioun ënnerbriechen.
-
Hëllef sichen ass net klaapen, mee bedeit Verantwortung ze iwwerhuelen.
|
|
|
|
|
Dofir spillen an engem Klassenchat net nëmmen Täter an Affer eng Roll, ma och déi, déi “just matliesen", "just (mat engem Like, Emoji) reagéieren" oder näischt soen.
Grad si kënnen e wichtegen Ënnerscheed maachen an dozou bäidroen, datt eng verletzend Dynamik am beschte Fall gestoppt gëtt.
|
|
|
|
Wat kann een als Enseignant maachen?
|
|
|
|
|
D'Schoul kann e wichtege Kader schafen, fir Respekt, Verantwortung a kloer Reegelen am digitalen Ëmgang ze stäerken. Grad am Ufank vum Schouljoer ass et dowéinst sënnvoll, zesummen ze klären: Wéi gi mir mateneen ëm, och am Chat?
|
|
|
|
Méiglech Usazpunkten:
|
- De Klassenchat thematiséieren → Woufir ass de Grupp do, a woufir net?
-
Grenzen definéieren → Wéini ass e Witz net méi witzeg?
-
Bystander stäerken → Wat kann ee maachen, wann een eppes matkritt?
-
Reegelen zesumme festhalen → z. B. unhand vun engem Verhaalenskodex
-
Betraffener eescht huelen an d'Situatioun net erof spillen.
-
Net aleng handelen → Bei konkrete Fäll d’Direktioun, de SePAS oder aner zoustänneg Persounen an der Schoul abannen.
-
Preventiv usetzen → D’Thema net eréischt uschwätzen, wann d'Situatioun schonn eskaléiert ass.
|
|
|
|
|
Ressourcë fir de Schouldalldag
|
|
|
|
|

GUIDE FIR LÉIERPERSONAL
|
 |
|
Im digitalen Zeitalter
ein Vorbild sein
|
|
Tipps an Tools fir den Ëmgang mat Medien, sozialen Netzwierker an digitalen Technologien. (+ Annex mat prakteschen Elementer, z.B. Verhaalenskodex)
|
| Entdecken |
|
Oder gedréckte Guide hei bestellen.
|
|
|

AKTIVITÉIT FIR
D'KLASS
|
 |
|
Unsere Regeln für
den Klassenchat
|
|
Dës Aktivitéit ass fir mat der Klass Reegelen, Grenzen a Verantwortung am Klassenchat ze beschwätzen.
© klicksafe
|
| Entdecken |
|
|
|
|
Fir eng vertraulech Berodung a weider Froen zum Thema Cybermobbing a Klassenchats ass d'BEE SECURE Helpline fir Kanner, Jonker an hiren Entourage (Elteren, Léierpersonal a pädagogesch Fachleit) erreechbar.
|
| BEE-SECURE.LU/HELPLINE |
|
|
|
|
|
De BEE SECURE UPDATE faasst déi aktuell Themen zesummen, déi am Moment an der digitaler Welt wichteg sinn an Hinsicht op d’Missioun fir eng méi responsabel a sécher Notzung vum Internet ze sensibiliséieren. Méi Informatiounen zu BEE SECURE fannt Dir hei.
|
 |
|
|
|
Deelt dës Newsletter gär weider fir datt d'Messagen och aner Leit erreechen.
|
|
|
Wielt äre Newsletter aus & abonnéiert Iech
⬇︎
|
|
|
|
|
|
|
Dir kritt dëse Message, well Dir Iech fir de BEE SECURE Update ugemellt hutt.
Dir kënnt Iech zu all Moment ofmellen.
Bei weidere Froen oder Feedback zum BEE SECURE UPDATE oder den Offeren, zéckt net BEE SECURE iwwer de Kontaktformular ze kontaktéieren.
|
|
|
|
|
|
|