Haass am Netz → Haass am Lycée
Firwat mir iwwert Haassried schwätze mussen
D'Zuel u Meldunge vu rassisteschen an diskriminéierenden Inhalter op der BEE SECURE Stopline klëmmt däitlech. 2024 goufen 263 Fäll, déi als potenziell illegal Haassried agestuuft goufen, un d'national Police virugemellt – am Verglach zu 97 Fäll am Joer 2022 ass dat bal eng Verdräifachung.
BEE SECURE stellt och fest, datt et e Lien tëschent der politescher an internationaler Aktualitéit (LGBTQIA+ Debatten, Israel-Palästina-Konflikt, Ukraine-Krich, Flüchtlingssituatiounen) an de Meldunge gëtt.
Et ass also wichteg, dëst Thema an der Schoul opzegräifen an de Schüler ze weisen, wat et heescht, respektvoll a verantwortungsvoll um Internet mateneen ëmzegoen.
|
|
|
|
Haassried = Hate Speech
|
Wierder oder Biller, déi aner Leit bewosst verletzen, beleidegen, ausgrenzen oder wou géint si zur Gewalt opgeruff gëtt, well si zum Beispill eng aner Hautfaarf hunn, eng aner Sprooch schwätzen, eng aner Relioun hunn, anescht liewen oder aner Präferenzen an der Léift hunn.
|
Hate Speech: 7 heefegst Grënn → |
|
|
E Beispill...
|
Wann ee schreift „Lo geet et richteg lass: Rocker, Hooligans an Türsteher maache Juegd op Flüchtlingen an dat zu Köln. Lasst es krachen Jungs!" – dat ass keng Meenung, dat ass Haassried.
|
|
|
|
Net nëmme kann dat schockéieren oder Angscht maachen, et besteet och de Risiko esou eng Sprooch ze normaliséieren a selwer mat ze maachen.
Et ass wichteg, dass Jonker Haassried erkennen, Meenungsfräiheet vu Gewalt ënnerscheeden, a fir eng respektvoll a solidarësch On- an Off-line-Kultur astoe kënnen.
|
|
|
|
Den Internet ass kee rechtsfräie Raum. Haassried ass illegal wann:
-
Et eng Ustëftung zu Haass oder Gewalt ass– géint eng Persoun, Grupp oder Gemeinschaft an de Grond dofir z. B. d’Hautfaarf, Hierkonft, Geschlecht, Relioun, politesch Meenung, Handicap oder sexuell Orientéierung sinn.
|
Iwwert d'BEE SECURE Stopline mellen → |
|
|
 |
Dëse Sensibiliséierungsvideo vu Point de Contact soll verdäitlechen datt dat wat offline net akzeptabel ass, et och online net ass.
|
|
← Kuckt dëse Video zesummen!
|
|
|
|
Wat maachen?
6 Tipps fir de Jonke mat op de Wee ze ginn
|
Wat also soll een de Jonken roden, wann si mat Haassried konfrontéiert ginn?
|
|
|
|
1
|
Ignoréieren
|
Heiansdo ass ignoréieren déi bescht Reaktioun - den Auteur vun Haassried kritt esou net d'Reaktioun, déi en sech gewënscht hat.
|
|
|
2
|
Blockéieren
|
All Mënsch huet d'Recht den Auteur vun Haassried ze blockéieren. Blockéieren ass en Outil fir sech selwer ze schützen.
|
|
|
3
|
Contre-discours
|
Wann een et net ignoréiere wëll, gëtt et och nach Géigeried, wat heescht, sachlech op Haasskommentarer ze reagéieren an domat ze weisen, datt esou Aussoen net toleréiert ginn. Gläichzäiteg kritt d’Affer d’Gefill, net eleng ze sinn. Wichteg dobäi: sech dobäi net selwer ugräifbar maachen.
|
|
|
4
|
Net eleng bleiwen!
|
Sech un eng Vertrauenspersoun wende fir iwwert seng Suergen/Ängscht ze schwätzen. Hei kann een sech och bei der BEE SECURE Helpline gratis a vertraulech mellen.
|
BEE SECURE Helpline → |
|
|
5
|
Mellen
|
Vill sozial Netzwierker verfügen iwwer eege Buttons, iwwert déi ee kann onerwënschten Inhalter mellen (a sinn och derzou verflicht wéint dem Digital Services Act - DSA). Rassismus esou wéi aner Forme vun Diskriminéierung kënnen awer och online an anonym bei der BEE SECURE Stopline gemellt ginn.
|
Digital Services Act → |
BEE SECURE Stopline → |
|
|
6
|
Bei der Police Plainte areechen
|
Och d'Kanner hu Rechter a kennen bei der Police Plainte géint Haassried areechen.
|
|
|
|
Fir mat an de Klassesall!
|
Fir preventiv mat de Jonken d’ Thema unzeschwätzen, fannt Dir op dem BEE SECURE Site eng Rei vun Aktivitéiten, déi an der Klass zesumme gemaach kënne ginn.
|
|
|
Training fir 6e & 7e
|
Hype im Netz
|
D'Thema Hate Speech gëtt ënnert anerem an eisem Training "Hype im Netz" beschwat.
|
|
|
|
Thematesche Bäitrag
|
Hate Speech
|
Dësen thematesche Bäitrag kann d'Léierpersonal als Basis notzen, fir d'Thema mat de Jonken unzeschwätzen.
|
Elo liesen! → |
|
|
|
|
Interaktiivt Tool
|
#NOHATEONLINE
Quiz: Däerf een dat soen?
|
Kuckt iech reell Beispiller un an entscheet: Geet dat nach als Meenung duerch – oder ass et schonn ze wäit? D’Grenz ass net ëmmer kloer... No all Entscheedung gesitt dir, wéi BEE SECURE dat agestuuft huet.
|
|
|
|
Aktivitéit ab 12 Joer am SNJ Zentrum Cinqfontaines
|
Mënscherechter erliewen
|
Déi Jonk beschäftegen sech mat deem, wat eis ënnert ëneen ënnerscheed a wat dat fir eis als Gesellschaft heescht.
|
Elo buchen! → |
|
|
|
|
|
Aner interessant Bäiträg zum Thema
|
|
|
Rechts. Extrem. Online.
Wie man Jugendliche gegen rechtsextreme Einflüsse im Internet stark macht.
|
Dës Resource vu Klicksafe setzt sech mat Rechtsextremismus auserneen an ass fir Léierpersonal ausgeschafft ginn.
|
Eroflueden → |
|
|
The Code of Conduct on countering illegal hate speech online +
|
De Verhalenskodex géint illegalen Haassried online + am Kader vum DSA huet d’Zil, d’Verbreedung vun illegaler Haassried am Internet ze verhënneren an ze bekämpfen.
|
Liesen → |
|
|
Netiquette
|
Eng Initiative vum Conseil de Presse an Zesummenaarbecht mat BEE SECURE.
|
Liesen → |
|
|
|
Dir kritt dëse Message, well Dir Iech fir de BEE SECURE Update ugemellt hutt.
Dir kënnt Iech zu all Moment ofmellen.
Bei weidere Froen oder Feedback zum BEE SECURE UPDATE oder den Offeren, zéckt net BEE SECURE iwwer de Kontaktformular ze kontaktéieren.
|
|
|
|
|
|