View webversion

Cyber-Mobbing

 

Rezent huet eng Mamm op der BEE SECURE Helpline ugeruff, well hire Jong säit engem Joer vun anere Schüler an der Schoul gemobbt gëtt. Och den Austausch mat den Eltere vun den Täterinnen an Täter huet nëmme kuerzfristeg gehollef. De Jong gëtt ëmmer méi oft physesch a psychesch on- an offline ugegraff.

 

Aner Schüler kréien dat Behuele mat, mee aus Angscht selwer Affer vum Mobbing ze ginn, fäerten si eppes ze soen. De Mobbing geet also weider: e gëtt beleidegt, hie gëtt gezwonge Saachen ze maachen, déi hien net wëll an e kritt Morddrohungen. D’ Mamm ass immens besuergt dat de Mobbing hirem Jong ëmmer méi schued an si weess net méi wéi si hirem Jong hëllefe kann.

 

Dës Eskalatioun weist, wéi wichteg et ass, scho ganz fréi mat Sensibiliséierung iwwert Mobbing, mee awer och Cyber-Mobbing bei de Kanner unzefänken. D’ online Welt ass fir d’ Kanner haut eng Extensioun vum richtege Liewen an wat si am richtege Liewen maachen, maachen si och online. D’BEE SECURE Helpline kritt esou Situatioune reegelméisseg gemellt – an dobäi handelt et sech just ëm d’ Spëtzt vum Äisbierg.

Wat ass Cyber-Mobbing?

 
Wat ass Cyber-Mobbing →

Cyber-Mobbing geet dacks iwwer d’ Schoulstonn eraus an erreecht d' Affer och doheem, well d’ Internet-Plattformen zu all Moment zougänglech sinn. Doduerch, datt dës Plattformen d’ Méiglechkeet bidden nach méi Leit ze erreechen (Bekannter & Onbekannter) riskéiert Cyber-Mobbing oft méi séier aus dem Rudder a bleift méi laang a Zirkulatioun. D’ Affer huet dann séier d’ Gefill komplett isoléiert oder vun “alle” gehaasst ze sinn.

Cyber-Mobbing huet psychologesch an emotional Auswierkungen op d’Affer, dat sech isoléiert fillt an eventuell Angscht oder Depressioun entwéckele kann. Och wann eng Entschëllegung géif kommen oder verletzend Inhalter geläscht géife ginn, kéinte laangfristeg Schied bestoe bleiwen. Doriwwer eraus kéint d’ Klima an der Klass ënnert dëser Situatioun leiden.

Guide entdecken →
Cyber-Mobbing Video vu BEE SECURE (op Lëtzebuergesch mat Däitschen Ënnertitel

An dësem Beispill gëtt Cyber-Mobbing erkläert. 

Cyber-Mobbing a liichter Sprooch →

← Kuckt dëse Video zesummen!

Wat maachen?

Wann Dir als Responsabelen Zeien vu Cyber-Mobbing gitt:

1

Kuckt net ewech: Den Internet ass kee rechtsfräie Raum

 

2

Lauschtert no a verschaaft Iech een Iwwerbléck iwwert d' Gesamtsituatioun

 

3

Bleift net aleng an huelt Iech Ënnerstëtzung an ärer Schoul

 

4

Dem Affer kloer maachen dat et net seng Schold ass

 

5

D' Affer encouragéieren d’ Gespréich mat enger Vertrauenspersoun ze sichen oder sech un d’ BEE SECURE Helpline ze wenden.

BEE SECURE Helpline →
 

6

D' Affer soll net op de Cyber-Mobbing äntweren mee alles dokumentéieren (Screenshots)

1

D' Dokumentatioun vun de Virfäll (wéini ass wat geschitt, wou, wien war als eventuellen Zeien derbäi) ass wichteg fir de Fall wou entscheet gëtt eng Plainte bei der Police ze maachen

Fir mat an de Klassesall!

Fir präventiv mat de Kanner d’ Thema unzeschwätzen, fannt Dir op dem BEE SECURE Site eng Rei vun Aktivitéiten, déi an der Klass zesumme gemaacht kënne ginn.

Momentum Pro 4

Training fir de Cycle 3.2.

Cyber-Mobbing: Mit Detektiv Shadow auf Mission

An dëser Formatioun léiere Kanner op eng interaktiv Aart a Weis Cyber-Mobbing ze erkennen an wéi si reagéiere kënnen, wann si oder anerer Affer vu Cyber-Mobbing sinn

Elo buchen! →

 

Aktivitéite fir de Cycle 2-4

Aktivitäten-Mappe

D'"Aktivitäten-Mappe" enthält praktesch Aktivitéiten (Spiller, Basteliddien, Aarbechtsblieder).

 

Fir dëst Thema si follgend Kapitele besonnescht interessant: 

 

- Rad der Emotionen (Cycle 2)

- Gewaltbarometer (Cycle 3)

- Happy End...oder doch nicht (Cycle 4)

Elo testen! →

 

Tea Party
Momentum Pro 4

Training fir de Cycle 3.1 & 3.2.

Ein Sprung ins Netz

Hei kréien d’ Kanner eng generell Aféierung zum Thema Online Erfarungen a Risiken. Cyber-Mobbing gëtt och hei schonn op einfach Manéier ugeschwat.

Elo buchen! →

 

Rechtslag

D’ Gesetz schütz och viru Cyber-Mobbing


Zu Lëtzebuerg ass et verbueden:

  • Een ze beleidegen (Artikel 448 am Code Pénal)
  • Fotoen oder Videoen vun aneren Persounen ouni deem säin Accord an den Internet ze sëtzen (Gesetz vum 11. August 1982)
  • Diskriminéierend an rassistesch Aussoen iwwert eng Persoun online ze sëtzen (Artikel 457-1 am Code Pénal)
  • Eng falsch Identitéit/falsch Profiller ze notzen fir eng aner Persoun schlecht ze maachen (Artikel 231 bis am Code Pénal) oder eranzeleeën (Artikel 231 bis am Code Pénal)
  • Een ze belästegen oder ze stalken (Artikel 442-2)

 

→ Hei kann den Elteren vun den Affer gerode ginn eng Plainte bei der Police ze maachen an/oder bei der BEE SECURE Helpline unzeruffen fir eng individuell & anonym Berodung (Tel: 8002 1234).

BEE SECURE Helpline →

Aner interessant Bäiträg

Face au Harcèlement: Découvrez la Perception des adultes face au harcèlement à l'école

Ministère de l'éducation nationale - France

Video kucken →

Dir kritt dëse Message, well Dir Iech fir de BEE SECURE Update ugemellt hutt.

Dir kënnt Iech zu all Moment ofmellen .

 

Bei weidere Froen oder Feedback zum BEE SECURE UPDATE oder den Offeren, zéckt net BEE SECURE iwwer de Kontaktformular ze kontaktéieren.