View webversion

Sexuelle Mëssbrauch u Kanner a Jonken (CSAM)

 

BEE SECURE kritt déi lescht Joren ëmmer méi Fäll vu Fotoen a Videoe gemellt, déi de sexuelle Mëssbrauch u Kanner a Jonken och CSAM (Child Sexual Abuse Material) genannt, weisen. Wou 2022 nach ronn 4 400 Meldunge bei der BEE SECURE Stopline agoungen, ass 2023 iwwer 8 600 Mol Material, wat sexuelle Mëssbrauch u Kanner a Jonke weist, gemellt ginn. Et goufen 2023 also bal duebelt sou vill Fäll gemellt wéi nach 2022. Allgemeng stellt BEE SECURE eng rasant Steigerung iwwer déi läscht 5 Joer fest.

Wat ass Child Sexual Abuse Material (CSAM)?

 
Méi zum Thema Grooming →

De Begrëff Child Sexual Abuse Material mengt all Forme vu Duerstellungen vu sexuellem Mëssbrauch bei Mineuren (CSAM), déi a Form vu Videoen a Fotoen online gestallt a verbreet ginn. Am alldeegleche Sproochgebrauch gëtt oft vu “Kannerpornographie” geschwat. Dëse Begrëff ass awer problematesch, well en net dat seriöt Verbrieche reflektéiert, dat hannert dësen Handlunge stécht. Dofir gëtt verstäerkt den neutralen a méi präzise Begrëff CSAM benotzt.

Mat Tools, déi op KI (Kënschtlech Intelligenz) zeréckgräifen, gëtt d’ Hierstelle vun esou Inhalter och ëmmer méi einfach ewéi Beispiller aus de leschte Jore weisen: duerch einfach Recherchen am Internet kréien Krimineller Accès op Fotoe vu Jonken, déi am Internet verëffentlecht goufen a setzen d’ Gesiichter an e pornografesche Film oder doen d’Jonker aus.

Et sinn awer och déi Jonk selwer déi am Kader vu Sexting-Echangen Contenuen vu sech erstellen. Dëse Contenu ass dann séier net méi ënnert hirer Kontroll a gëtt weider gedeelt.

Rechtslag

Duerstellunge vum sexuelle Mëssbrauch u Jonker CSAM

 

Oppassen: eleng de Besëtz an awer och d’ Deele vu CSAM ass strofbar (Artikel 383, 383bis, 383ter an 384 vum Code Pénal) Leet d‘ Foto oder de Video net weider, a späichert och näischt of. Falls Dir eppes gesitt, zbsp. wann esou e Video den Tuer mécht, da mellt en anonym op der BEE SECURE Stopline. Esou maacht der Iech net strofbar an Dir drot dozou bäi den Affer ze hëllefen an déi Kriminell ze faassen.

Iwwert d'BEE SECURE Stopline mellen →

Sexting bei Jonken

 

Oppassen: D’ Hierstellen, Verschécken an de Besëtz vun Nacktfotoen oder Änlechem, wou Mannerjäreger bedeelegt sinn ass verbueden. Dat gëllt och, wann de Jonke selwer dës vu sech erstellt a verschéckt.

A Message from Ella | Without Consent

Dëse rezente Video vun der Deutsche Telekom weist méiglech Konsequenze wann zum Beispill Eltere Fotoen a Videoe vun hire Jonken am Internet deelen.

← Kuckt dëse Video!

Wat maachen?

Rotschléi fir mat Jonken d’ Thema Sexting ze thematiséieren.

D’ Verschécken an den Echange vun intimen Noriichten a Fotoe ass eng Realitéit – och ënnert de Jonken. Wann esou intim Inhalter ouni d’Averständness vun de Jonken un Drëtter weidergeschéckt ginn, da kann dëst negativ Konsequenze mat sech bréngen besonnesch fir de Jonken, deen drop ze gesinn ass. An der Summervakanz goufen et eng Rei där Fäll op der BEE SECURE Helpline. D’Affer – also d’ Persoun op der Foto - ass oft sozialer Ausgrenzung, (Cyber-) Mobbing an Erpressung ausgesat.
Wéi kënnt dir dermat ëmgoen wann dir vun esou enger Situatioun matkritt?

1

Maacht de Jonke kloer, datt Dir en Ouer fir si hutt an si net wäert jugéieren.

Jonker erliewen hei oft staark Gefiller: Stress, Angscht, Frust, Trauer, Scham,...

 

2

Déi Jonk net aleng domat loossen

Verweist si zB. un professionell Ulaf Plazen, wou si individuell berode kënne ginn.

Zum Beispill kann een si un de CePAS oder SePAS, de Kanner-Jugendtelefon oder d'BEE SECURE Helpline verweisen.

BEE SECURE Helpline →
 

3

De Jonke roden aktiv ze ginn

1) D’ Persoun, déi d’Foto weidergeschéckt huet, iwwert d’ Recht um eegene Bild informéieren & bieden d’ Contenuen erof ze huelen.
2) Beweiser sécheren; beim Bedreiwer vum Site mellen; eng Plainte bei der Police maachen.

 
 
 

Fir mat an de Klassesall!

Fir preventiv mat de Jonken d’ Thema unzeschwätzen, fannt Dir op dem BEE SECURE Site eng Rei vun Aktivitéiten, déi an der Klass zesumme gemaach kënne ginn.

Déi wichtegst Consignen fir déi Jonk generell ze stäerken

1. Privatsphär
Jonker op d' Bedeitung vum Anhale vun hirer Privatsphär am Internet hiweisen (wat ass Privatsphär, fir wat ass dat wichteg um Internet, wat soll een net vu sech um Internet präis ginn, asw.).


2. Averständness
Jonker dorop hiweisen, datt een NEE ka soen wann een um Internet vun engem Bekannten oder Onbekannte gefrot gëtt fir perséinlech an och intim Inhalter vu sech ze verschécken.


3. Sexting
Jonker drop hiweisen, datt Fotoen/Biller innerhalb vu Sekonne scho kopéiert, verëffentlecht oder an Chatgruppe gedeelt kënne ginn. Och aner Risiken si mat Sexting verbonnen: Erpressung, Image-Schued, Cyber-Mobbing... .

Momentum Pro 4

Thematesche Bäitrag

Recht am eigenen Bild

Elo liesen! →

 

Tea Party

Thematesche Bäitrag

Nackt im Netz

Sexting - Alles was du darüber wissen solltest!

Elo liesen! →

 

 
NoHateOnline

Training ab 4e

Ein Tag in Daten

Hei léieren déi Jonk wéi si hir Privatsphär schütze kënnen an wat fir Daten si am Alldag digital iwwermëttelen.

Elo buchen! →

 

Sexuelle Darstellungen im Netz: Was reizt Jugendliche? - BEE SECURE

Formatioun Continue fir Léier- anpädagogescht Personal

Sexuelle Darstellung im Netz: Was reizt Jugendliche?------

Im Fokus dieser Onlinefortbildung steht die Begegnung und der Umgang von Jugendlichen mit sexuellen Darstellungen im Netz.

Elo buchen! →

 

 

Aner interessant Bäiträg zum Thema

Rechts.Extrem. Online. Resource

Sextortion - Eine Informationskampagne von Europol

Elo kucken →

Cybergrooming: Pädokriminelle im Kinderchat

ARD Mediathek

Elo kucken →

Dir kritt dëse Message, well Dir Iech fir de BEE SECURE Update ugemellt hutt.

Dir kënnt Iech zu all Moment ofmellen.

 

Bei weidere Froen oder Feedback zum BEE SECURE UPDATE oder den Offeren, zéckt net BEE SECURE iwwer de Kontaktformular ze kontaktéieren.