BEE SECURE kritt déi lescht Joren ëmmer méi Fäll vu Fotoen a Videoe gemellt, déi de sexuelle Mëssbrauch u Kanner och CSAM (Child Sexual Abuse Material) genannt, weisen. Wou 2022 nach ronn 4 400 Meldunge bei der BEE SECURE Stopline agoungen, ass 2023 iwwer 8 600Mol Material, wat sexuelle Mëssbrauch u Kanner weist, gemellt ginn. Et goufen 2023 also bal duebelt sou vill Fäll gemellt wéi nach 2022. Allgemeng stellt BEE SECURE eng rasant Steigerung iwwer déi läscht 5 Joer fest.
De Begrëff Child Sexual Abuse Material mengt all Forme vu Duerstellungen vu sexuellem Mëssbrauch bei Mineuren (CSAM), déi a Form vu Videoen a Fotoen online gestallt a verbreet ginn.
Mat Tools, déi op KI (Kënschtlech Intelligenz) zeréckgräifen, gëtt d’ Hierstelle vun esou Inhalter och ëmmer méi einfach ewéi Beispiller aus de leschte Jore weisen: duerch einfach Recherchen am Internet kréien Krimineller Accès op Fotoe vu Kanner, déi am Internet verëffentlecht goufen a setzen d’ Gesiichter an e pornografesche Film (FaceSwap AI) oder “doen d’Kanner aus” (Undress AI).
Dëse rezente Video vun der Deutsche Telekom weist méiglech Konsequenze wann zum Beispill Eltere Fotoen a Videoe vun hirer Kanner am Internet deelen.
← Deelt dëse Video mat Elteren!
Kloer wëlle mer gäre Fotoen a Videoe vun de besonnesche Momenter am Schouljoer maachen an dës Inhalter dann och mat anere Persounen deelen.
Mee wéi kann ee sécherstellen, dëst op eng verantwortungsvoll Aart a Weis ze maache fir ons Schülerinnen a Schüler beschtméiglechst virun dëse Mëssbräich ze schützen? A wéi kann een dës Thematik och op eng kandgerecht Manéier mat de Kanner beschwätzen?
Wat maachen?
Rotschléi fir de Personnel enseignant an Elteren.
1
Generell keng Fotoe vu Schülerinnen a Schüler op kommerziell Social Media- oder aner ëffentlech Plattforme setzen, onofhängeg vun de Privatsphär-Astellungen.
2
Huelt Iech d’ Erlabnis vun den Eltere fir Fotoen a Biller vun de Kanner ze maachen an ze diffuséieren.
Wou ginn d’Fotoen an d’ Videoe vun de Kanner ofgespäichert?
Ween huet Accès op wéi eng Inhalter?
Wéi dierfen dës Fotoe mat Drëtte gedeelt ginn?
Wéi laang ginn d’Inhalter gehalen?
Dir kënnt och d’ Eltere fir de Sujet sensibiliséieren.Sie sollen och dorop oppasse, wat a wéi se Biller a Videoe vun hire Kanner um Internet weisen. Gäre kënnt Dir dëse Video (lénks) mat hinnen deelen oder iwwer BEE SECURE en Elterenowend buchen.
← Deelt dëse Video mat Elteren!
Fir mat an de Klassesall!
Déi wichtegst Consignen
1. Privatsphär
Kanner op d' Bedeitung vum Anhale vun hirer Privatsphär am Internet hiweisen (wat ass Privatsphär, fir wat ass dat wichteg um Internet, wat soll een net vu sech um Internet präis ginn, asw.).
2. Grooming
Kanner dorop hiweisen, datt een NEE ka soen wann een um Internet vun engem Bekannten oder Onbekannte gefrot gëtt fir perséinlech an och intim Inhalter vu sech ze verschécken.
Training fir de Cycle 3
Ein Sprung ins Netz
Dësen Training weist op kannerfrëndlech Art, wéi een sécher mam Internet ëmgoe soll an och de Kontakt mat Onbekannten ugeet. Och fir Kanner mat wéineg Internet-Erfahrung
Rei vu 6 interaktive Videoen fir Famille, Léierpersonal an Erzéier, déi Kanner am Alter vu 6-9 Joer betreien. Mir rekommandéieren datt Kanner d’ Videoen zesumme mat engem Erwuessene kucken fir konstruktiv Diskussiounen ze hunn.
Spilleresch ginn dës Videoen op 6 Schlësselmessagen zum Thema Internetsécherheet an.
Duerstellunge vum sexuelle Mëssbrauch u Kanner CSAM
Oppassen: eleng de Besëtz an awer och d’ Deele vu CSAM ass strofbar (Artikel 383, 383bis, 383ter an 384 vum Code Pénal)
Leet d‘ Foto oder de Video net wieder, a späichert och näischt of.
Falls Dir eppes gesitt, zbsp. wann esou e Video den Tuer mécht, da mellt en anonym op der BEE SECURE Stopline. Esou maacht der Iech net strofbar an Dir drot dozou bäi den Affer ze hëllefen an déi Kriminell ze faassen.
Den BEE SECURE UPDATE faasst déi aktuell Themen zesummen, déi am Moment an der digitaler Welt wichteg sinn an Hinsicht op d’ Missioun fir eng méi responsabel a sécher Notzung vum Internet ze sensibiliséieren. Méi Informatiounen zu BEE SECURE fannt Dir hei.
Zéckt net dës Newsletter weider ze leede fir d’ Messagen ze deelen.