View webversion

Haass am Netz Haass an der Schoul

Mat de Kanner iwwert de Respekt am Internet schwätzen.

 

D'Zuel u Meldunge vu rassisteschen an diskriminéierenden Inhalter op der BEE SECURE Stopline klëmmt däitlech. 2024 goufen 263 Fäll, déi als potenziell illegal Haassried agestuuft goufen, un d'national Police virugemellt – am Verglach zu 97 Fäll am Joer 2022 ass dat bal eng Verdräifachung. 

 

BEE SECURE stellt och fest, datt et e Lien tëschent der politescher an internationaler Aktualitéit (LGBTQIA+ Debatten, Israel-Palästina-Konflikt, Ukraine-Krich,Flüchtlingssituatiounen) an de Meldunge gëtt.

 

Et ass also wichteg, dëst Thema an der Schoul opzegräifen an de Schüler ze weisen, wat et heescht, respektvoll a verantwortungsvoll um Internet mateneen ëmzegoen.

 

Well Haass fir Kanner nach e bëssi komplex erschénge kann, réit BEE SECURE dozou Kanner lues un d'Thema erunzeféieren an allgemeng online ze stäerken. Cyber-Mobbing erkennen, Respekt am Netz verstoen an e kritesche Bléck z'entwéckelen si gutt Startpunkten.

Wat ass Respekt am Netz?

 
Wat ass Haass am Netz →
BEE SECURE Netiquette liesen →

Och am Netz ginn et Verhalensreegelen...

Prinzipiell soll een och am Netz mat aneren esou ëmgoen, wéi een sech wënscht, datt anerer och mat engem selwer ëmgoe sollen. Respekt am Netz heescht, aner Leit och online mat Unerkennung, Wertschätzung a Fairness ze behandelen. Egal ob an engem Chat, op Social Media oder per Message – hanner all Ecran sëtzt e Mënsch. Wat am richtege Liewen net okay wier, soll och online net passéieren. Dës allgemeng Verhaalensreegele faasst een ënnert dem Begrëff "Netiquette" zesummen (=Etikette imNetz).

Kannerrechter fir Kanner erkläert →

Kannerrechter liicht erkläert

All Kand huet d'Recht op Gläichbehandlung, Wuelbefannen an op Schutz - och am digitale Raum. Et ass wichteg, datt d'Kanner dës Rechter kennen a verstinn.

"Du hues d'Recht du selwer ze sinn."

Als Kand huet een d'Recht esou akzeptéiert ze ginn ewéi een ass ouni Angscht mussen ze hunn, beleidegt oder diskriminéiert ze ginn.
Op der Säit "staarkrechter.lu" kënnen d'Kanner selwer gewuer ginn, wat si fir Rechter hunn.

Méi zu Cyber-Mobbing →

Cyber-Mobbing

Ënner Cyber-Mobbing versteet een dat bewosst Beleidegen, Bedroen, Bloussstellen oder Belästegen vun anere Persounen iwwert eng méi laang Zäit, mat Hëllef vum Internet oder vum Handy.

D’Täter sichen sech Affer aus, déi sech kaum wiere kënnen. Et besteet en Ongläichgewiicht u Muecht, dat d’Täter ausnotzen, wärend d’Affer oft isoléiert ginn. Dëst zitt sech iwwert eng méi laang Zäit.

Cyber-Mobbing Video vu BEE SECURE (op Lëtzebuergesch mat Däitschen Ënnertitel

An dësem Beispill gëtt Cyber-Mobbing erkläert. 

Cyber-Mobbing a liichter Sprooch →

← Kuckt dëse Video zesummen!

Wat maachen?

6 Reegelen fir de Kanner mat op de Wee ze ginn

Dës Reegele faasst een ënnert dem Begrëff "Netiquette" zesummen (=Etikette im Netz). Wann ee Froen zu dëse Reegelen huet oder Hëllef braucht, well anerer sech net un dës Reegelen halen, kann een de Kanner och op de Wee ginn, datt si sech bei der BEE SECURE Helpline gratis a vertraulech melle kënnen.

BEE SECURE Helpline →

1

Am Kapp behalen: Op der anerer Säit sëtzt och e Mënsch

 

2

Héiflech & respektvoll bleiwen

 

3

Aner Meenunge respektéieren

 

4

Net zur Gewalt opruffen

 

5

Näischt deelen, ouni et ze iwwerpréiwen

 

6

Privatsphär vun Anere respektéieren

Fir mat an de Klassesall!

Fir präventiv mat de Kanner d’ Thema unzeschwätzen, fannt Dir op dem BEE SECURE Site eng Rei vun Aktivitéiten, déi an der Klass zesumme gemaacht kënne ginn.

Momentum Pro 4

Training fir de Cycle 3.2.

Cyber-Mobbing: Mit Detektiv Shadow auf Mission

Dësen thematesche Training sensibiliséiert Kanner fir Cyber-Mobbing z’erkennen an ze léieren, wéi si reagéiere kënnen, wann si selwer oder aner dovu betraff sinn.

Elo buchen! →

 

Aktivitéite fir de Cycle 2-4

Aktivitäten-Mappe

D'"Aktivitäten-Mappe" enthält praktesch Aktivitéiten (Spiller, Basteliddien, Aarbechtsblieder).

 

Fir dëst Thema si follgend Kapitele besonnescht interessant: 

 

- Rad der Emotionen (Cycle 2)

- Gewaltbarometer (Cycle 3)

- Happy End...oder doch nicht (Cycle 4)

Elo testen! →

 

Tea Party
S-M-A-R-T - mit Herz: MIT HERZ

Interaktiivt Tool - Video

SMART with a HEART

Dëse leschte Video aus der Serie "Smart with a HEART" behandelt d'Thema Respekt am Internet. Nieft kloren Tipps fir Kanner vu 6 bis 9 Joer, bitt dës Videoserie och ëmmer 10–15 Minutte laang Aktivitéiten, Spiller a Gespréichspunkten, déi op eng spilleresch Aart d'Thema verdéiwen. 

Elo zesumme kucken! →

 

Interaktiivt Tool - Video

De Bibi um Fest vun den Déieren

An dëser Geschicht geet et drëms, wéi ee respektvoll mat eneenëmgeet, och um Internet.************************ .

Elo zesumme liesen! →

 

Respekt am Netz

Aner interessant Bäiträg

BEE SECURE Radar 2025

44 % vun de Jonke ginn un, hu schonn emol Cybermobbing erlieft ze hunn.

Och aner Zuelen an Trends zur Mediennotzung vun de Kanner  a Jonken zu Lëtzebuerg sinn am BEE SECURE Radar ze fannen.

Liesen →
Rechts.Extrem. Online. Resource

Et toi? T'es d'accord?

Âge 6-11

Après avoir pris plusieurs photos de Lou, Vinz nous explique en quoi consiste le consentement en ligne et pourquoi il est important de toujours demander l’accord de l’autre.

Video kucken →

Guardians of Justice

De Centre d'éducation interculturelle bitt fir den Alter 8-10 Joer en Atelier vun enger Stonn un fir d'Kanner un d'Thema "Rassismus" erunzeféieren - an zwar op eng interaktiv a spilleresch Aart a Weis.

Entdecken →

Dir kritt dëse Message, well Dir Iech fir de BEE SECURE Update ugemellt hutt.

Dir kënnt Iech zu all Moment ofmellen .

 

Bei weidere Froen oder Feedback zum BEE SECURE UPDATE oder den Offeren, zéckt net BEE SECURE iwwer de Kontaktformular ze kontaktéieren.