 |
|
Et gi Gruppen a Communautéiten, déi geziilt Kanner a Jonker cibléieren, Vertrauen zu hinnen opbauen a se duerno ënner Drock setzen. Betraffener kënne manipuléiert ginn, fir sech selwer oder aneren ze schueden, intim oder gewalttäteg Contenuen ze deelen oder un illegalen Aktivitéiten deelzehuelen.
Och zu Lëtzebuerg ass dëst Thema ukomm. Bei der BEE SECURE Helpline goufen et Meldungen zu dëse Phänomener an de Parquet huet zesumme mat der Police kierzlech virun dëse geféierlechen Online-Gruppe gewarnt.
|
|
|
|
|
|
|
Ëm wat geet et, bei dësen Online-Gruppen?
|
|
|
|
|
Dëse Phänomen geet net nëmmen op eenzel Online-Gruppen zeréck, mee ëmfaasst e Netzwierk vu verschiddenen, dynameschen Online-Communautéiten, déi a verschiddenen Aktivitéitsberäicher aktiv sinn, sech séier veränneren, nei Nimm unhuelen an op verschiddene Plattformen operéieren. Dacks gëtt dëst Netzwierk mat Begrëffer wéi „The Com“ (The Community) oder „764“ a Verbindung bruecht.
D’Membere vun dëse Gruppe stëften sech géigesäiteg dozou un, kriminell Aktivitéiten auszeüben an d’Fotoen a Videoen am Grupp ze deelen. Dëst ka vu Vandalismus, Klauen oder Brandstëftung iwwer Gewalt géint Déieren oder Mënschen, sexualiséiert Gewalt a Selbstverletzung bis hin zu schwéiere Gewaltdoten oder Ustëftung zum Suizid goen.
|
|
D'Gemeinschaft besteet zu engem groussen Deel aus vulnerabelen, jonke Leit am Alter vun 11 bis 25 Joer. D’Rolle sinn dobäi net ëmmer kloer getrennt: Jonker kënne gläichzäiteg Affer, Zeien an un Aktivitéiten an der Grupp bedeelegt sinn.
|
|
|
|
|
Wéi funktionéieren dës Gruppéierungen?
|
|
KONTAKTOPNAM 
|
|
|
|
D’Kontaktopnam geschitt oft do, wou Jonker online ënnerwee sinn: bei Online-Spiller oder op de soziale Medien. Heiansdo gi gezilt Jonker ugeschwat, déi eleng, onsécher, isoléiert oder emotional belaascht sinn.
|
|
Vertrauen opbauen 
|
|
Am Ufank wierkt de Kontakt dacks harmlos a souguer positiv fir déi Jonk. Si kréien Opmierksamkeet, Komplimenter an d’Gefill zu engem Grupp ze gehéieren. Heiansdo entsti vermeintlech Frëndschaften a Bezéiungen.
|
|
Kommunikatioun 
|
|
D’Kommunikatioun gëtt dacks op méi privat Kanäl verluecht: zoue Gruppenchats, Serveren oder Online-Communautéiten. Do tausche Memberen sech doriwwer aus, wéi si sech selwer oder anerer erniddregt, blesséiert, ënner Drock gesat oder zu riskanten an illegalen Handlunge bruecht hunn. Dat gëtt heiansdo mat Fotoen, Videoen oder Erzielunge „bewisen“. Fir d’Memberen déngen dës „Beweiser“ dozou, Unerkennung ze kréien, sech ze profiléieren oder e méi héije Status an der Grupp ze erreechen.
|
|
Gruppendrock 
|
|
Mat der Zäit entsteet Gruppendrock. Jonker sollen eppes beweisen, bei eppes matmaachen, méi wäit goen oder weider Persounen an d’Grupp gewannen.
|
|
Eskalatioun 
|
|
No an no entsteet Gruppendrock. Jonker solle sech beweisen, bei eppes matmaachen, ëmmer méi wäit goen oder weider Persounen an d’Grupp bréngen.
Dobäi kann d’Gewalt, déi an de Contenuen ze gesinn ass, ëmmer méi „normal“ wierken. D’Membere ginn desensibiliséiert a kënne bereet sinn, a Gedanken an Handlungen ëmmer méi wäit ze goen.
Aus esou Gruppen erauszekommen ass schwéier. Memberen hu vläicht selwer schonn illegal gehandelt an hunn Angscht viru Konsequenzen. Gläichzäiteg fille si sech vulnerabel, well aner Memberen hir Identitéit, Adress oder Aktioune kennen an se domat ënner Drock setze kënnen.
|
|
|
|
Wourop kënnen Enseignanten an Erzéier oppassen?
|
|
|
|
|
Eenzel Opfällegkeeten si kee Beweis. Mee wann e puer Warnzeechen zesummekommen, sech séier verstäerken oder net zum gewinnte Verhale vum Jonke passen, sollen se eescht geholl ginn. Méiglech Warnzeeche sinn:
|
-
Ännerungen am Behuele vu Jonken, zum Beispill staark Reizbarkeet oder Stëmmungsschwankungen;
- Réckzuch, Isolatioun an Distanz vu bestoende Frëndschaften a Vertrauenspersounen;
- Nei Online-„Frënn“, iwwer déi de Jonken entweder begeeschtert, geheimnisvoll oder ängschtlech schwätzt;
- Staark Fixatioun op den Handy an Internet, op Gewalt, extrem Online-Communautéiten, ganz spezifesch Symboler a Coden;
- Ongewéinlech Narben a Wonnen um Kierper, besonnesch wann se Musteren, Wierder oder Symboler bilden („Cutsigns“);
- Laang Kleedung bei waarme Wieder, fir Blessuren ze verstoppen;
-
Hiweiser op Gewalt géint Déieren, méi jonk Kanner oder aner vulnerabel Persounen;
-
Verschlechterung vun de schoulesche Leeschtungen, Konzentratiounsproblemer oder Middegkeet.
|
|
Besonnesch eescht ze huelen si „Leaking”-Signaler, also Hiweiser, bei deenen e Jonke Gewaltfantasien, Droungen oder méiglech Tatabsichten undeit. Dat kann engem opfalen an enger schrëftlecher Aarbecht, enger Zeechnung, engem Gespréich, oder duerch Aussoe vun anere Schüler, zum Beispill: „Dir wäert nach vu mir héieren”, Referenzen op fréier Gewaltdoten oder Symboler mat Gewaltbezuch.
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Wat maachen am Verdachtfall? ⤸
|
|
|
|
-
Bei engem Verdacht op esou Aktivitéite soll een net selwer ermëttelen.
-
Et soll een d’Hiweiser eescht huelen.
-
Et soll een dokumentéieren, wat ee gesinn oder héieren huet.
-
D’Informatioune soll een dann intern un déi zoustänneg Persounen an der Schoul weiderleeden.
|
|
|
|
|
D’Police kann dann direkt iwwer d’Ligne Bleue kontakéiert ginn: 244 244 244. Ausserdeem kann déi zoustänneg Persoun aus der jeeweileger Schoul, eng Meldung oder Plainte bei der Police oder beim Parquet areechen.
An engem Noutfall oder bei direkter Gefor soll ëmmer den 113 ugeruff ginn.
|
|
|
|
|
Nëtzlech Quellen & weider Informatiounen
|
|
|
|
|
|
Fir eng vertraulech Berodung a weider Froen zum Thema Cybermobbing a Klassenchats ass d'BEE SECURE Helpline fir Kanner, Jonker an hiren Entourage (Elteren, Léierpersonal a pädagogesch Fachleit) erreechbar.
|
| BEE-SECURE.LU/HELPLINE |
|
|
|
|
|
De BEE SECURE UPDATE faasst déi aktuell Themen zesummen, déi am Moment an der digitaler Welt wichteg sinn an Hinsicht op d’Missioun fir eng méi responsabel a sécher Notzung vum Internet ze sensibiliséieren. Méi Informatiounen zu BEE SECURE fannt Dir hei.
|
 |
|
|
|
Deelt dës Newsletter gär weider fir datt d'Messagen och aner Leit erreechen.
|
|
|
Wielt äre Newsletter aus & abonnéiert Iech
⬇︎
|
|
|
|
|
|
|
Dir kritt dëse Message, well Dir Iech fir de BEE SECURE Update ugemellt hutt.
Dir kënnt Iech zu all Moment ofmellen.
Bei weidere Froen oder Feedback zum BEE SECURE UPDATE oder den Offeren, zéckt net BEE SECURE iwwer de Kontaktformular ze kontaktéieren.
|
|
|
|
|
|
|