View webversion

Desinformatioun mat Deepfakes

 

Am Juni stinn d’ Europawale virun der Dir. Virun dëse Wale gëtt vu méiglecher politescher Aflossnam op d' Meenungsbildung vun de Leit op Social Media geschwat. Den EU Aussebeoptragten a Vize-Präsident vun der EU Kommissioun, Joseph Borrrell, huet am Januar 2024 och gewarnt viru méiglecher Walmanipulatioun duerch Akteuren ausserhalb ewéi och innerhalb der EU. “Kënschtlech Intelligenz” (KI) spillt bei dëse Versich ëmmer méi eng Roll. Mir hunn an eise Lycéeë Schülerinnen a Schüler déi am Juni fir d’éischt wiele ginn. Si sollten sech de Risike bewosst sinn.

Wat ass Desinformatioun?

 
Méi zum Thema Desinformatioun →

Kuckt mat Äre Klasse dëse kuerze Video heidrënner, deen de Phänomen an nëmmen 1 Minutt erkläert!

 

Opgepasst! “Desinformatioun” ≠ “Fake News”. De Begrëff “Fake News” gëtt oft politesch instrumentaliséiert an änlech wéi d’Wuert “Lügenpresse” als Kampfbegrëff benotzt fir zum Beispill eng Meenung als onerwënscht ofzestempelen. Mir benotzen dohier de Begrëff “Desinformatioun”, wourënner mer noweislech falsch oder irreféierend Informatioune verstinn, deenen hirt Verbreeden dat bewosst Zil huet, Mënschen ze täuschen oder ze beaflossen. Esou ginn zum Beispill Inhalter (Statistiken, Zitater, asw.) aus hirem eigentleche Kontext gerappt an op eng Manéier duergestallt fir datt se eng spezifesch Meenung zu engem Thema ënnerstëtzen (Framing). Et gëtt awer och eng nei Form un Desinformatioun.    

Video about how to spot online disinformation (English subs)

Desinformatioun gëtt an dësem Video kuerz illustréiert.

← Kuckt dëse Video!

Next-Level Desinformatioun: Deepfakes

Stellt Iech vir, zwee Deeg virun den Europawale geet e Video viral, an deem e Spëtzekandidat sech iwwert eng bestëmmte Bevëlkerungsgrupp lëschteg mëscht. Ier dëse Kandidat ka richteg stellen datt de Video e Fake ass, gëtt de Video awer schonn dausend-fach gedeelt a gesinn.

Och wann de Politiker déi Saachen am Video effektiv ni gesot huet, kann dat awer d’ Leit, déi sech nach onsécher waren, bei hirer Walentscheedung beaflossen.

Bei deene Videoen schwätzt ee vun Deepfakes. Dës gi mat Hëllef vu Programmer erstallt, déi “kënschtlech Intelligenz” notzen.

Dat kléngt lo wéi Science Fiction, mee et ass hautdesdaags effektiv méiglech, zum Beispill Gesiichter an engem Video ze tauschen (Faceswap), d’ Stëmme vu Leit ze kopéieren an se eppes soen ze loossen (Text-to-speech) oder och ganz neie Contenu ze erschafen (Generative AI) – fir simpel Inhalter ze erstelle brauch een net emol e speziellen techneschen Know-How. Fir ganz authentesch Inhalter muss ee momentan awer nach méi Geschéck an déi néideg Skills hunn.

Risiken erkennen

 

KI spillt also ëmmer méi eng Roll wann et drëms geet eng Meenung ze beaflossen. Och wann déi grouss Social Media Plattforme e groussen Deel un den Deepfakes erkennen a läsche ginn, muss den Notzer wësse wéi e mat esou Inhalter um Internet ëmgeet.

Wat maachen?

Wann een enger Informatioun oder enger Meenung iwwert en Thema um Internet begéint, da soll ee sech follgend Froe stellen:

1

Wee stécht derhannert? Ass et eng seriö Säit, déi de Video weist?

 

2

Ass d'Quell vertrauenswürdeg?

 

3

Stinn d' Aussoen an d' Verhale vum Protagonist am Géigesaz zu deem, wat en normalerweis seet?

 

Et gi Factchecking Websäiten, wou eng Rei u Journalisten Inhalter um Internet op hir Richtegkeet préiwen. Lëtzebuerg schafft do mat der Belsch am EDMO (European Disinformation Media Observatory) Projet zesummen: https://belux.edmo.eu/fact-checking/

 

Och Jonker, déi elo nach net selwer wiele ginn, sollen iwwert d' Desinformatioun a virun allem dës néi Form mat den Deepfakes, déi vun enger KI hiergestallt ginn, sensibiliséiert ginn.

 
 

Fir mat an de Klassesall!

Fir preventiv mat de Jonken d’ Thema unzeschwätzen, fannt Dir op dem BEE SECURE Site eng Rei vun Aktivitéiten, déi an der Klass zesumme gemaach kënne ginn.

Momentum Pro 4

Training 6e & 5e

Fact Check - Safe & Sound

D’Jugendlecher entdecken, wéi a firwat et wichteg ass, Informatiounen aus dem Internet ze hannerfroen – besonnesch am Zesummenhang mat Falschinformatiounen an Desinformatioun. D’Roll vun der kënschtlecher Intelligenz gëtt dobäi och beliicht.

Elo buchen! →

 

Tea Party

Online Test

Which face is real?

Elo testen! →

 

 
NoHateOnline

Thematesche Bäitrag

Desinformatioun am Internet

Wat een ënner Desinformatioun versteet a wéi een tëscht echt an onecht ënnerscheet.

Elo liesen! →

 

Sexuelle Darstellungen im Netz: Was reizt Jugendliche? - BEE SECURE

Thematesche Bäitrag

Desinformatioun an de Medien------

Wéi “Fake News” eng Gefor fir d’ Pressefräiheet duerstellen.

Elo liesen! →

 

 
NoHateOnline

Thematesche Bäitrag

Desinformatioun an der Politik

Wat een ënner Desinformatioun versteet a wéi een tëscht echt an onecht ënnerscheet.

Elo liesen! →

 

Aner interessant Bäiträg zum Thema

Rechts.Extrem. Online. Resource

How AI & Deepfakes are changing politics (BBC Video - Englesch)

Dëse Reportage vu BBC geet drop an, wat haut mat Kënschtlecher Intelligenz an Deepfakes méiglech ass a wéi d’ Politik haut scho vu Fake Biller a Fake Audio-Opnamen ka beaflosst ginn.

 

Net ëmmer ginn Deepfakes mat schlechtem Wëlle benotzt: KI ka Sproochebarrièren iwwerwannen oder d’ Liewe vereinfachen. Trotzdeem, kann den Notze vun Deepfakes zu Onsécherheet féieren an d’ Vertrauen a Politiker schiedegen.  

Elo kucken →

Dir kritt dëse Message, well Dir Iech fir de BEE SECURE Update ugemellt hutt.

Dir kënnt Iech zu all Moment ofmellen.

 

Bei weidere Froen oder Feedback zum BEE SECURE UPDATE oder den Offeren, zéckt net BEE SECURE iwwer de Kontaktformular ze kontaktéieren.