View webversion

Beim Money Muling stellt eng Persoun engem Kriminellen de Bankkonto oder d’Bankkaart fir eng “Geldwäsch” zur Verfügung. Déi Kriminell kommen esou un hiert Geld, daat se mat kriminellen Aktivitéiten um Internet verdéngt hunn.

 

D’Persoun, an dësem Fall also de “Money Mule”, kritt gesot, datt se Suen op hire Konto iwwerwise kritt an datt se déi da weiderleede soll bzw. ophiewen an anzwousch ofgi soll. Als Entschiedegung kritt si selwer eng Kommissioun a Form vu Suen ugebueden.

Dohannert stiechen allermeeschtens illegal Intentiounen.


 

D’Suen, déi iwwer dës Konte lafen, stamen an der Reegel vun Affer vu Cyberbedruch ewéi Phishing-Attacken. D’Zil vun de Kriminellen ass et, d’Suen iwwer verschidde Konten ze beweegen, fir hir Spuer ze verwëschen.

 

D’Roll vum "Money Mule" ka rechtlech Konsequenzen hunn. Esou Handlungen kënnen als Bedeelegung u Geldwäsch oder un enger Strofdot gëllen. Et kann ënnert anerem och sinn, dass Bank decidéiert, de Konto zouzeman. Aner méiglech Konsequenze gi vu Geldstrofe vun 1.250 bis 1.250.000 Euro bis hin zu Prisongsstrofe vun 1 bis 5 Joer.

D'Erklärung vun der Police noliesen oder de Video vun EUROPOL hei drënner kucken:

Money Muling in 60 seconds (English)

Jidderee kann un sech als Money Mule rekrutéiert ginn, mee et si virun allem Jonker, déi an d’Viséier vun de Kriminelle geroden. Oft ginn d’Liewenssituatiounen ausgenotzt, Jonker déi wéineg Suen hunn, gesinn do eng Méiglechkeet sech schnell an einfach Täschegeld ze verdéngen an erkennen d’Risiken net ëmmer onbedéngt op den éischte Bléck. Déi Kriminell sinn dann och do ënnerwee, wou d’Kommunikatioun ganz direkt ofleeft: Snapchat, Instagram, Whatsapp oder och TikTok. Et kënnt awer och vir, datt d’Rekrutéierung am Frëndeskrees geschitt.

1

Bedeelegung u Strofdoten

Schüler kënnen duerch d’Weiderleedung vu Suen Deel vun engem Bedruchssystem ginn, och wann si selwer net d’Intentioun hunn, eppes Illegales ze maachen. Eng scheinbar „neutral“ Transaktioun ka juristesch als Bedeelegung u Geldwäsch oder Bedruch gëllen.

2

Finanziell Konsequenzen

 

Bankkonte kënne gespaart ginn, Iwwerweisunge kënnen zeréckgefuerdert ginn, an et kënnen héich Geldstrofen oder aner finanziell Belaaschtungen entstoen. D’Konsequenze kënnen och laangfristeg Auswierkungen op d’finanziell Situatioun vum Jonken hunn.

3

Rechtlech Sanktiounen

Esou Handlunge kënne mat Prisongsstrofe vun 1 bis 5 Joer an/oder enger Geldstrof vun 1.250 bis 1.250.000 Euro sanktionéiert ginn. Vill Jonker si sech dëser juristescher Dimensioun net bewosst.

 

1. Digital Transaktioune verständlech maachen

Vill Jonker erliewe Suen haut virun allem digital als Zuelen um Ecran. Et ass wichteg ze erklären, datt och eng Online-Iwwerweisung, eng Bezuelung iwwer eng App oder eng weidergeleeten Transaktioun eng reell finanziell Handlung ass. Digital heescht net abstrakt: All Transaktioun hannerléisst eng Spuer a ka Konsequenzen hunn.

2. Kritescht Bewosstsi stäerken

Jonker sollen drop opmierksam gemaach ginn, Offeren oder Ufroen net spontan ze akzeptéieren, mee se bewosst ze hannerfroen. Besonnesch Situatiounen, an deene séier Entscheedunge gefuerdert ginn oder dat „einfacht Geld“ versprach gëtt, sollten ëmmer kritesch analyséiert ginn.

3. Privatsphär kloer definéieren

Bankdaten, Bankkaarten an Zougangscodë mussen als strikt privat verstane ginn. Et soll kloer sinn, datt kee seriéise Kontext verlaangt, finanziell Transaktioune fir anerer auszeféieren oder Zougangsdonnéeën ze deelen.

4. Juristesch Dimensioun erklären

Och eng „kleng Gefällegkeet“ ka juristesch relevant sinn. Eng Iwwerweisung oder eng ofgehuewen Zomm kann als Bedeelegung un enger Strofdot gëllen. Digital Handlungen si keng neutral Klicks, mee droe Verantwortung.

5. Warnsignaler thematiséieren

Jonker solle sensibiliséiert ginn, typesch Musteren ze erkennen, wéi:

· Drock, séier ze reagéieren

· Onkloer oder widderspréchlech Erklärungen

· Opfuerderung zur Geheimhaltung („So et kengem“)

· Versprieche vu séierem a liicht verdéngtem Geld

Wa Jonker a Problemer geroden oder Froen hunn, ass et wichteg,

se net eleng ze loossen an u passend Strukturen ze verweisen:

BEE SECURE Helpline - Tel. 8002 1234

BEE SECURE Helpline ass gratis & vertraulech:

Fir Jonker, Elteren, Proffen an Erzéier

→ Méi zu der BEE SECURE Helpline
 

Op bee-secure.lu fannt Dir:

Momentum Pro 4

Training fir 6e a 5e Klassen 

Fact Check - Safe&Sound

An dësem Training gëtt och "d'schnell maache vu Geld" thematiséiert.

→ Elo buchen!

 

NoHateOnline

Artikele fir an der Klass ze liesen

· Die Verlockung des schnellen Geldes: Multi-Level-Marketing und Co.  hei liesen

· Betrug beim Online Banking hei liesen

· Betrug beim Online Shopping hei liesen

De BEE SECURE UPDATE faasst déi aktuell Themen zesummen, déi am Moment an der digitaler Welt wichteg sinn an Hinsicht op d’Missioun fir eng méi responsabel a sécher Notzung vum Internet ze sensibiliséieren. Méi Informatiounen zu BEE SECURE fannt Dir hei.

 

Zéckt net dës Newsletter weider ze leeden fir d’ Messagen ze deelen.

Elo abonnéieren - Wielt äre Newsletter

Newsletter fir de Fondamental abonnéieren
Newsletter fir de Secondaire abonnéieren

Dir kritt dëse Message, well Dir Iech fir de BEE SECURE Update ugemellt hutt.

Dir kënnt Iech zu all Moment ofmellen.

 

Bei weidere Froen oder Feedback zum BEE SECURE UPDATE oder den Offeren, zéckt net BEE SECURE iwwer de Kontaktformular ze kontaktéieren.